25 FEBRUAR 2024

Habschter Charity Walk & Run

ÄISCHDALL-LEEFER

D’Äischdall-Leefer sinn ee Lafclub aus der Gemeng Habscht aus dem Weste vum Land. Dëse Veräin, den 2010 gegrënnt ginn ass, zielt aktuell 14 Comitésmemberen, déi aktiv un Lafcoursse wéi och un Wanderungen am In- an Ausland deelhuelen. Mat der Organisatioun vum Äischdall-Trail haten d’Äischdall-Leefer d’Idee, duerch eng flott Course/Marche (Leefer an Nordic-Walker) op d’Attraktivitéit vun dëser flotter Regioun opmierksam ze maachen an d’Leit fir hire Sport ze begeeschteren. Ganz nei organiséieren d’Äischdall-Leefer 2024 déi éischt Editioun vum Habschter Charity Walk & Run zu Habscht.

Habschter Charity Walk & Run

25.02.2024 (Hobscheid)

Äischdall-Trail

15.08.2024 (Eischen)